Eis UNICEF Youth Ambassadors sinn engagéiert Jonker, déi sech fir d’Rechter vuKanner a Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg aweltwäit, asetzen.Zil ass et sech fir aner Kanner a Jonker, deenen et net esou gutt geet, staark ze maachen an op hir Problemer opmierksam ze maachen.
Eis aktuell Youth Ambassadors
D’Ana, d’Briana, den Daniel, d’Edna, den Elie, d’Emilie, d’Hannah, den Ihlan, de Julien, d’Lana, de Liam, d’Maria, d’Mathilde, de Semin, de Simon, de Steen, den Tommy si Schüler aus verschiddene Lycéeën ueschtert d’Land a sinn tëschent 13 an 19 Joer al.
Hir Aktivitéiten
Hei fannt dir hir wichtegst Aktivitéiten aus de leschteJoren. Niewebäi sinnsioch op eiseSocial Media Plattformen aktiv aschaffen am Hannergrond un weidereProjeten.Stay tuned an abonéiert eis op Instagram an Facebook fir si op hirem Wee ze begleeden an näischt vun hinnen ze verpassen!
- 2024
Déc, 27
Youth Ambassadors Reunion
Youth Ambassadors aus de leschte 6 Joer sinn am UNICEF Haus zesumme komm fir sech auszetauschen. Et war flott al bekannte Gesiichter erëm ze gesinn an ze héiere wou si elo dru sinn.
Déc, 20
Participatioun Jugendpräis
Eis Youth Ambassadors hunneisCampagne#NetElengbeim Concours em de Jugendpräis agereecht.
Nov, 20
Schoulstänn
D’Hannah, de Liam d’Maria, d’Mathilde, den Semin, de Simon, an de Steen, hunn haut um Weltkannerdag verschidden Aktivitéiten an hire Schoule organiséiert hir Schoulkomeroden iwwert hir Rechter ze sensibiliséieren.
Nov, 20
RTL Artikelen
E puer vun hinnen hunn am Kader vum Weltkannerdag Artikelegeschriwwen zu Themen, déi hinnen um Häerze leien.
Nov, 20
Gesondheetsministesch Martine Deprez
Si hunn der d’Gesondheetsministesch Martine Deprez d’Campagne #NetEleng zur mentaler Gesondheet vu Jonken fir Jonker virgestallt an haten en interessanten a ganz informativen Austausch.
Nov, 07
RTL Radio
D'Hannah war um RTL Radio fird'Konzept vun eiser Campagne#NetEleng zeerklären, déi sech u Jonker riicht an dës beim Thema mental Gesondheet ënnerstëtze soll.
Oct, 18
The Health Behaviour in School-aged Children
De Liam huet bei der Table Ronde matgemaach an seng Siicht zu der Studie “The Health Behaviour in School-aged Children” an de Resultater aus der Perspektiv vun engem Jonke gedeelt.
Oct, 10
#NetEleng
Am Kader vum World Mental Health Day, hu mir, zesumme matde Youth Ambassadorseng Plattform fir Jonker gelauncht, wou eenHëllefsstellen, Tipps anInformatioune vu Professionellen an Influencer fënnt.
Oct, 03
Youth Ambassadors 2024/25
Eisen neie Grupp vu 17 Jonken, déi sech fir d'Rechter vun de Kanner weltwäit asetzen.
Juil, 10
Collab mam Jacques Schneider
Zesumme mam Jacques Schneider hunn eis Youth AmbassadorsT-Shirts designed fir opdéimental Gesondheet vu Jugendlechen opmierksam ze maachen.
Mai, 23
Conférence « Les défis de la jeunesse au Luxembourg » & table ronde
D’Lana huet un der Konferenz an der Table Ronde deel geholl fir doriwwer ze schwätzen, wéi een d’Participatioun vun der Jugend stäerken an déi Jonk méi a wichteg Entscheedunge kann.
Mai, 23
Conférence « Les défis de la jeunesse au Luxembourg »
Den Elie, de Liam, d’Briana an d’Hannah haten e Stand bei der Conférence « Les défis de la jeunesse au Luxembourg » am Cercle Cité, organiséiert vun der Cellulle Scientifique vun der Chambre des députés.
Mai, 04
UNICEF Lake Run
D’Youth Ambassadors hunn eis bei eisem UNICEF Lake Run ënnerstëtzt a Kuch gebak a verkaf fir esou weider Spenden ze sammelen.
Mar, 14
Mënscherechtsrot
D'Lana huet eng Ried virum Mënscherechtsrot zu Genf zum Thema sozial Ongerechtegkeet gehalen.
Fév, 12
Rees op Genf Si waren zu Genf fir méi iwwert déi international Aarbecht fir d’Kannerrechter gewuer ze ginn.Dës Rees gouf ënnerstëtzt vun Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.Jan, 18
Visite Cellule scientifique de la Chambre des députés
Si haaten d’Geleenheet d’Arbecht vun der Cellule Scientifique kennenzeléieren an sech iwwert d’Konferenz « Les défis de la jeunesse au Luxembourg en mai 2024 » auszetauschen.
- 2023
Déc, 15
Mental Health Ëmfro Zesummen humir engËmfro zum Thema mentalGesondheet an de Schoule gestart. D'Zil war eterauszefanne wéi eng Themendéi jonk Generatioun beschäftegen awéi een dës destigmatiséiere kann.Déc, 14
Austausch mat Jonken aus der Ukrain
Zesumme matLUkraine asblhu mir en Treffe vun eiseYouth Ambassadorsmat Jonken aus derUkrainorganiséiert.Si konnten sech kenneléieren, sech austauschen a flott Aktivitéite virun de Feierdeeg ënnerhuelen.
Nov, 20
UNICEF Island
Zesummen mat dem Youth Council hunn sech eis Youth Ambassadors um Weltkannerdag stark gemaach fir d’Kannerrechter.
Nov, 20
Chambre des Députés
Um Weltkannerdag waren d’Lana an de Philipp an der Chambre des Députés fir Interviewe mam Ben Polidori (Piraten), Georges Engel (LSAP), Paul Galles (CSV) a Paulette Lenert (LSAP) ze maachen an hinnen e puer politesch an perséinlech Froen ze stellen.
Nov, 20
Eldoradio
Am Kader vumWeltkannerdagwaren d'Marie, den Tommy an d'Lilou,beimEldoradio fir wärend engem Interview iwwer verschidden Themen, déihinnenum Häerz leien, ze schwätzen.
Nov, 20
RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Weltkannerdag hunn den Tommy, de Philippe, d'Hannah, d'Anastasia Artikele fir de Site vun RTLLëttzebuerg geschriwwe fir iwwer Theemen ze sensibiliséieren, déi hinnen um Häerzeleien.
Nov, 20
Radio ARA D'Emma an d'Hannah, ware beimRadio ARA fir iwwert deWeltkannerdagze schwätzen an iwwert d'KannerrechteropzeklärenOct, 19
Austausch mat Dr. Najat Maalla M’jid am Mënschenrechtshaus
Si hunn sech mat der Madamm Dr. Najat Maalla M’jid iwwer d’Gewalt géint d’Kanner zu Lëtzebuerg, mental Gesondheet an déi jeeweileg Ulafstelle geschwat.
Oct, 17
Concepts de protection de l’enfant
Echange vun den Youth Ambassadors mat der Grand-Duchesse iwwer d‘Kannerrechtsituatioun ze Lëtzebuerg - mat Fokus op Kannerschutz.
Oct, 17
CePAS
Si haten d’Geleeënheet sech mat enger Responsabele vum CePAS ze ënnerhalen. Si konnte Feedback zu Projete ginn, hir Erfarungen aus der Schoul deelen a Verbesserungsvirschléi ginn.
Sep, 27
Conseil des Droits de l’Homme
D’Laly duerft beim Conseil des Droits de l’Homme zu Genf seng Siicht a Verbesserungsvirschléi zum Thema Cybermobbing äußren.
Sep, 23
Youth Ambassadors 2023/24
Eis Youth Ambassadors 2023/4!Wärend hirem éischte Meeting all zesummen, konnten si sech kenne léieren aschonnIddiefir zukünfteg Projeten austauschen.
Juin, 08
Radio ARA
D'Hannah an d'Nina, warebeim Radio ARA an hunn erkläertwat Youth Ambassadors sinn awou eensech mellekafir Deel vum Grupp ze ginn.
Juin, 05
Eldoradio
D'Hannah an d'Marie ware beim Eldoradio fir iwwert d'Meenung vun de Jonkenzu deWalen ze schwätzen.
Mai, 30
RTL Today
D'Franklin an d'Joy waren livebeim RTL Today fir iwwert d'Walenze schwätzen.
Mai, 24
Télécran
D'Laly an de Philipp hunn mam Télécran iwwert d'Walegeschwat.
Mai, 15
Visitt am Péitrusshaus
E puer vun eise Youth Ambassadors waren zu Besuch am Péitrusshaus.
Mar, 20
Dag vum Gléck
D’Laly an de Philipp hunn eng flott Aktivitéit mat de Kanner aus der Maison Relais „An der Schwemm“ zu Diddeléng ënnerholl.
Mar, 10
Mënscherechtsrot
D’Nina hat d’Geleeënheet bei der Annual Discussion on the Right of the Child vum Mënscherechtsrot zu Genf ze schwätzen.
Fév, 24
Interview mam Liliia D'Veronika huet am Kadervum Gebuertsdag vum Krich en Interview mam Liliia aus der Ukrain gemaach.Mar, 04
City Café Eis Youth Ambassadors haten d'Geleeënheetmat politesche Vertrieder iwwer Themen ze diskutéieren, déi hinnen um Häerzeleien.Jan, 24
IFEN Webinar
Am Kader vum IFEN Webinar „Kannerrechter an der Schoul – Participatioun, Schutz a Fërderung“, huet d'Laly fir eng 100,7-Reportage vusengen Erfarungenals Youth Ambassador erzielt.
- 2022
Déc, 03
Ombudsmann vir Kanner a Jugendlecher
D'Youth Ambassadors hunn sech mam Ombudsmann vir Kanner a Jugendlecher ënnerhalen.
Nov, 20
Social Media Takeover
D'Social Media Grupp huet um Weltkannerdag eiseFacebook & Instagram Account iwwerholl. #takeover
Nov, 20
Online Artikelen
D’Joy, d’Véronique an d’Hannah hunn Artikele fir de Site vum RTL Lëtzebuerg geschriwwen.
Nov, 19
Schoulstänn
An der Woch vum Weltkannerdag haten si Schoulstänn organiséiert.
Nov, 16
Eldoradio
Am Kader vum #Weltkannerdag sinn d’Lilou, d’Hannah an de Georg bei den Eldoradio invitéiert ginn.
Nov, 15
RTL Morningshow
Am Kader vum Weltkannerdag sinn d’Vanessa a de Philipp an d’RTL Lëtzebuerg Morningshow invitéiert ginn, fir iwwer d’Rechter vun den Kanner ze schwätzen.
Oct, 15
Taschenbuch zu Kinder- und Jugendrechten An Zesummenaarbecht mam UNICEF Team hunn d’Veronika, d’Marie, d’Leni an d’Lilou un engem Taschenbuch fir Jugendlecher zum Thema Kannerrechter geschafft.Sep, 05
Transforming Education Summit
D’Vanessa war zu New York beim “TransformingEducation Summit” vun der UNICEF. Zesumme mat der UNICEF Direktesch Cathy Russell an anere Jonken aus der ganzer Welt hunn si iwwert déi aktuellBildungskris geschwat.
Juil, 10
UNICEF Thrifts
EisYouth Ambassadors hunn en Thrift Event am Drescherhaus zu Dummeldeng organiséiert. Den Erléis ass un ee vun eise Projetegaangen.
Mai, 23
Visite Chambre des Députés
Zesumme mam DeputéiertePaul Galles duerften si eng Visittduerch d'Chambre des Députés maachen.
Mar, 05
#WeStandWithUkraine
Hinne war et wichteg en Solidaritéitsmessage fir d'Leit aus der Ukrain op Social Media ze posten.#WeStandWithUkraine
Mar, 08
Weltfraendag
Si hunn sech op Social Media fir verschidden Themestaark gemaach, esou beispillsweis fir deWeltfraendag.
Jan, 03
Kannerhaus Gréiwemaacher
D'Nina an d‘Inês hunn demKannerhaus Gréiwemaacher déi Suen iwwerreecht, déi si mat engem Cake Pops-Verkaf gesammelt hunn.
- 2021
Déc, 08
Child Youth Forum
D’Jade Emilia huet beim Child Youth Forum vun der UNICEF iwwert déi aktuell Problemer geschwat, mat deene Kanner a Jugendlecher sech hei zu Lëtzebuerg, virun allem duerch d’Pandemie, konfrontéiert gesinn.
Nov, 19
Schoulstänn
Déi ganz Woch vum Weltkannerdag haten si Stänn an hire Schoulefir déi aner Schüler iwwer Kannerrechter ze informéieren.
Nov, 19
Shadowing
Am Kader vum #Weltkannerdag hat d’Cathy déi aussergewéinlech Chance, eis Grande-Duchesse fir en hallwen Dag ze begleeden.
Nov, 17
Shadowing
Am Kader vum Weltkannerdag hunn d'Iness an d'Laura en Nomëtteg mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert verbruecht fir en Abléck an hiren Alldag ze kréien.
Nov, 16
Cake Pops-Verkaf
Eis Youth Ambassadors hunn an der Woch vum Weltkannerdag an hire Schoule selwer gebakeCake Pops verkaf.
Nov, 11
Shadowing
Am Kader vum Weltkannerdag hunn d'Vanessa an d'Lisy (Benevol) den Educatiounsminister Meisch bei senge Meetingebegleet.
Nov, 08
Youth Ambassadors 2021/22
Wärend puerYouth Ambassadors op d'Uni gaangesinn, si 4 neier dobäi komm.
Juil, 12
Tote Bag Si hunn en UNICEF Tote Bag erausbruecht, deen et elo an eisem Shop ze kafegëtt.Mai, 13
Your right to know
Déi éischt Folleg vun hirem Podcast « Your right to know » ass um Radio Ara gelaf.
- 2020
Nov, 20
Weltkannerdag
Si waren immens aktiv fir de Weltkannerdag:
- RTL « Live! Planet People »
- RTL « Kanna Niuuss »
- Interview Luxemburger Wort
- Social Media Takeover
- Informatiounsstänn an hire SchoulenSep, 01
Nei Youth Ambassadors De Grupp gouf op 15 vergréissert, soudatt puer nei Youth Ambassadors dobäikomm sinn.Avr, 06
Kannertalk Si hunn all Woch am « Kannertalk » um RTL Radio erzielt wéi si mam Lockdown an de Restriktiounen ëmginn.Fév, 05
Visite aus dem Ruanda Si hunn d’Madamm Hamoudi kenne geléiert, UNICEF-Vertriederin am Ruanda.- 2019
Nov, 20
Weltkannerdag Fir de Weltkannerdag waren si « Chefredakter fir een Dag » beim Luxemburger Wort.Sep, 15
Malawi
D’Liana an den Alec ware mat an de Malawi fir sech eis « Living Schools » unzekucken.
Sep, 01
Eis éischt Youth Ambassadors Mir hunn eis éischt UNICEF Youth Ambassadors presentéiert!